Summer 2022
Iwwert de Summer sinn eis Hunnen ëmmer méi grouss ginn. Si ware bemol méi grouss wéi d‘Meedercher, haten e prächtege Schwanz, wéi och e wonnerschéine roude Kamm a Läppercher. Vun de Fiederen hier waren eis Häre méi hell wéi eis Dammen. Sou konnt ee si gutt ënnerscheeden.
Et war witzeg hir éischt Kréi-Versich ze héieren. No an no hu si sech ëmmer méi verbessert an hunn – wat gëss de wat hues de – drop lass gekréint. De ganzen Dag hu si eis e Concert gehalen a probéiert, hire Meedercher z‘imponéieren.
Wéi d‘Natur eben ass, hu si op hir Meedercher opgepasst a si beschützt. Si hunn ugefaangen nervös ze ginn, wa mir an de Stall komm sinn a sinn op der Plaz ronderëm gedänzelt. Si hu mat de Patte geschäert an op de Buedem getuppt. Mir hu vun deem Moment un d’Kanner net méi an de Stall matgeholl. Schwéieren Häerzens hu mir si missen ewech ginn.
Eisen Hénger Expert, de Frank Gilbertz, ass eis Häre siche komm. Si wunne lo zesummen zu Bieles an engem Stall. Et geet hinne gutt a mir krute gesot, dass si brav sinn.
Eis Meedercher gackeren all Dag a leeë fläisseg Eeër.
Heiansdo gëtt et e klenge Leckerli vun eis an de Kanner. Näischt hu si léiwer wéi gedréchent Mehlwierm.
Deuxième opération d’éclosion
Parce-que, lors de notre premier événement d’éclosion, malheureusement, peu de poussins sont sortis des œufs, nous avons lancé une deuxième opération d’éclosion. Après tout, nous voulons 4 à 6 poules dans le poulailler.
Notre expert en poules, Frank Gilbertz, a recueillis encore des œufs de coucou d’Allemagne, que nous avons mis dans la couveuse avec les œufs de Brahma.
Pourquoi une autre race, vous demandez-vous ? Notre maman poule Corinne aurait de toute façon mis les œufs dans la couveuse à la maison et comme ça les enfants ont pu revivre tout le processus et connaître une autre race.
Sur 50 œufs, 31 ont été fécondés. Parmi eux, 26 sont venus à l’éclosion. Donc il y avait de l’action chez nous.
30/03/2022
18/03/2022
Mir sinn immens stolz Iech eis 5 Jippelcher virzestellen. Si sinn all gesond a monter a wäerten elo nach e puer Wochen am Kükenheim bleiwe ier si dann eraus an eise wonnerbaren Hingerstall plënneren.
—
Nous sommes très fiers de vous présenter nos 5 poussins. Ils sont tous vifs et en bonne santé et vont rester encore quelques semaines dans la poussinière avant de déménager dans notre superbe poulailler.
14/03/2022
Endlech ass et sou weit, eis éischt Jippelchen ass gebuer.
—
C’est enfin le moment, notre premier poussin est née.
01/03/2022
Eeër duerchliichten: En Dënschdeg war d’Spannung grouss. De Fränk Gilbertz vun der Société avicole vu Bieles war op Besuch. Eis 18 Eeër sinn duerchliicht gi fir ze kucken, wat sech am Ee entwéckelt huet.
D’Freed war grouss wou mir zesumme mat de Kanner gesinn hunn, dass a 15 Eeër e kléngt Liewen entsteet. Hei e puer Andréck vun deem Dag.
—
Mirer les oeufs: Mardi la tension était grande. Monsieur Frank Gilbertz de la Société avicole de Belvaux était venu en visite. Nos 18 œufs ont été mirés, pour voir lesquels sont finalement fécondés.
La joie était énorme lorsque nous avons découvert ensemble aves les enfants, qu’une vie est en train de se développer dans 15 œufs. Voici quelques impressions de ce jour.
22/02/2022
Den 22.02.2022 hunn eis Kanner d’Eeër an de Brutkaste geluecht,
lo waarde mer of Nuecht fir Nuecht,
bis no 21 Deeg dorausser Jippelcher ginn,
an eis Kanner si voller Freed fir dat ze gesinn.
—
Le 22.2.22 nous avons des œufs à incuber,
Les jours passent sans que nous cessions d’y penser,
Mais jusqu’au 21ème jour il nous faudra tous patienter,
Pour qu’enfin nous puissions réjouir d’enfin rencontrer,
Et tous ensemble créer une belle amitié.
Race
D’Kanner hate puer Rassen zur Auswiel an si hu sech fir de „Sperber“ entscheet.
Les enfants ont eu le choix entre plusieurs races et ils ont choisi la « coucou d’Allemagne ».
Calendrier de l’évolution
Jour 21
Jour 20
Jour 18
Jour 17
Jour 16
Jour 15
Jour 14
Jour 13
Jour 12
Jour 11
Jour 10
Jour 9
Jour 8
Jour 7
Jour 6
Jour 5
Jour 4
Jour 3
Jour 2