Pacte Nature

Naturpakt – Engagement gëtt ausgezeechent !

D’Gemeng Dippech engagéiert sech aktiv fir den Naturschutz an ass dem Naturpakt 2021 bäigetrueden, deen vum Ëmweltministère an d’Liewe geruff ginn ass fir den Naturschutz an de Gemengen ze fërderen an ze belounen.

Beim éischten Audit huet d’Gemeng mat 40 % d’Basiszertifizéierung kritt. Déi enk Zesummenaarbecht tëschent der Gemeng mat hiren eenzelnen Service, dem Fierschter an dem SICONA huet déi Progressioun méiglech gemaach.

Ëmgesate Moossnamen:

  • Organisatioun vu gréisser Evenementer als ëmweltfrëndlech Green Events
  • Neiuplanzen a Pfleeg vun Uebstbeem an de Bongerten
  • Amenagement vu Randsträifen

Zukünfteg Projeten:

  • Konzept fir eng naturno Pfleeg vun ëffentleche Gréngflächen
  • Nistkästen a Strukturen fir Vullen (Schmuewelen, Spatzen) a Fliedermais u Gemengegebaier (Jugendhaus, Gemengenatelier)
  • Opwäertung vun engem Fiichtgebitt mam dozougehéireg Weieren

Weider Informatiounen op : www.pactenature.lu an sicona.lu


Pacte nature – un engagement certifié !

La commune de Dippach s’engage activement pour la protection de la nature et a adhéré au Pacte nature en 2021. Celui-ci a été mis en place par le ministère de l’Environnement afin de promouvoir et récompenser les mesures de protection de la nature au niveau communal.

Dans le cadre d’un premier audit, la commune a obtenu la certification de base avec 40 %. La collaboration étroite entre la commune et ses services, le préposé forestier et SICONA a permis de progresser rapidement.

Les mesures mises en œuvre :

  • Organisation d’événements éco-responsables Green Events
  • Plantation et entretien d’arbres fruitiers dans les vergers
  • Aménagement de bordures riches en espèces

Les mesures à réaliser :

  • Concept pour un entretien proche de la nature des espaces verts en milieu urbain
  • Nids artificiels et structures adaptées pour les oiseaux (hirondelles, moineaux) et chauves-souris aux bâtiments communaux (maison des jeunes, atelier communal)
  • Revalorisation d’une zone humide et de sa mare

 Pour en savoir plus rendez-vous sur : www.pactenature.lu an sicona.lu