Nature for People – People for Nature / Ouschtereeër natierlech fierwen

Ouschtereeër natierlech fierwen

05.04.2025 9:30-12:00
BIO-Haff An Dudel: Rue de la Croix, Sprinkange

D’Natur bitt villes un, och Faarwen an Dekoratioun fir Ouschtereeër ze fierwen. Mir weisen iech mat wéi engen Naturmaterialien dir Eeër bemole kënnt. D’Eeër gi mir frësch bei d’Hinger vum Natur genéissen Betrib BIO-Haff An Dudel sichen. Dofir gi mir de Betrib vun der Famill Emering kucken a kréien erkläert wou d’Eeër hierkommen. Dono fierwe mir se mat natierleche Faarwen a weisen iech wéi dir d‘Faarwen selwer doheem hierstelle kënnt. Mir maachen och Spiller ronderëm d’Thema Ee. De Betrib mécht beim Télévie mat a verkeeft seng gefierften Ouschtereeër sur Place.

D’Aktivitéit dauert ongeféier 2,5 Stonn a riicht sech u Kanner ab 6 Joer mat hiren Elteren. Dir braucht fest Schong an dem Wieder ugepasste Kleedung.

Mir si gréisstendeels dobaussen. Sprooch: Lëtzebuergesch

Umeldung: administration@sicona.lu / 26 30 36 25

Dëse Projet gëtt vum Ministère fir Klima, Emwëlt a Biodiversitéit ënnerstëtzt.

Flyer

06/02/2025
Retour