Éischt Hëllef fir psychesch Gesondheet – Youth
D’Gemeng Dippech an d’Familje-Kommissioun, an Zesummenaarbecht mat der Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale, organiséiert en Éischt-Hëllef-Cours fir psychesch Gesondheet.
De Cours besteet aus 4 Modülle vu jeeweils 3,5 Stonnen a gëtt gratis ugebueden.
D’Modëlle fanne jeweils den 8., 11., 15. an 18 vun 18 Auer bis 21.30 Auer am Kultuerhaus Pontebier statt.
Den Éischt-Hëllef-Cours fir psychesch Gesondheet vermëttelt Basiswëssen iwwer psychesch Krankheeten a Krisen an ass fir jiddereen iwwer 18 Joer.
D’Participantë léieren d’Unzeeche vu psychesche Problemer bei Jugendleche fréi ze erkennen an déi betraffe Persounen ze ënnerstëtzen.
Weider Informatiounen iwwer de Cours fannt Dir um Site www.pssm.lu
24/09/2024
Retour
Autres nouveautés
-
24/09/2024
Konferenz iwwert d’Ierfrecht
-
24/09/2024
Photography Exhibition 24/09 – 02/10/2024
-
23/09/2024
5. Oktober – Vëloscourse fir Jonker vu 6-10 Joer / Cours VTT pour jeunes de 6 à 10 ans
-
20/09/2024
GoGoVelo