Zesumme fir d’Klima / Ensemble pour le Climat – 18, 20 & 21.11.2024

Méinden 18/11 – Dippach (Maison de la Culture Pontebier)

Thema: Biodiversitéit duerch ee naturnoe Gaart

Mam Noémie Schockmel (SICONA)

Biodiversitéit duerch een naturnoe Gaart ënnerstëtzen a wéi dobäi virgoen?

Een Abléck vu konkrete Mesuren déi een ëmsetze kann zur Gestaltung vun engem méi naturnoe Gaart oder Flächen am Siedlungsberäich.

Mëttwoch 20/11 – Reckeng (Centre Culturel Pëtzenhaus)

Thema: Virstellung vum Thermographiekadaster an energetesch Renovatioun

Mam Anne Bertemes (Energieagence) a François Thissen (Klima-Agence)

Beim Thermographiekataster, ee Projet initiéiert a finanzéiert vun Enovos a SUDenergie, goufen duerch Loftopname mat Wäermebildkamerae d’Dämmunge vun den Diecher an den dräi Gemengen ofgeschat. Wéi kréien ech d’Resultat vu mengem Gebai a wat bedeite se? Wéi kann ech meng Dämmung optimiséieren fir Energie anzespueren? Wéieng Subside ginn et?

Donneschden 21/11 – Garnech (Duerfzenter zu Koler)

Thema: Photovoltaik – Eegeverbrauch an d’Deele vum Stroum

Mam Andy Welter (Klima-Agence)

Méiglechkeeten, Demarchen a Subsiden (Eefamilljenhaus, Residence, Betriber etc.), Rentabilitéitssteigerungen duerch Batterie, Eegeverbrauch, Stroumdeelen, Kombinatioun mat Wäermepompel.

Zesumme fir d'Klima / Ensemble pour le Climat

05/11/2024
Retour